GillesZeimet
Moien,

kann den admin mech mol kontakteieren, ech kann beim tippspill just Daag 1 an 2 ...

Bundesliga 2021/2022

Et as erem Zeit fir Bundesliga Tippspill

Ab elo kennt der Iech registreiren fir um Bundesliga Tippspill 2021/2022 delzehuelen


 

Umellung: 20€ ob den Konto vum FCMA iwerweisen

Banque Fortuna: LU94 0100 7201 5675 0550

Tippen: Um fcma.lu registreiren an um fcma.lu bis kurz virum jeweilegen Match sein Ergebnis ofgin

(Registreiren kann een sech hei um Site, seng Tipps kann een am Menu Bundesliga 2021/2022 --> Tippeingabe)

Gewannen: Dei gesamt Annahmen gin um Enn vun der Saison un d´Gewenner vum Tippspill verdeelt.

1.Plaaz: 63%

2.Plaaz: 27%

3.Plaaz: 10%

 

 

Weider Detailer:

 

Registreiren:
Falls der Iech korrekt ugemellt hutt um fcma.lu sollt der eng E-Mail gescheckt kreien wou der äer Mitgliedschaft betätegen sollt. Falls der innerhalb vun 1 bis 2 Deeg net freigeschalt sollt gin soot mir beschen (Ben Wagener)

Delai fiir Tipps:

Den Tipp fiir den jeweilegen Match kann nemmen um fcma.lu ofgin gin an kann bis kurz virum Upaff vum Match ofgin gin. En gemaachten Tipp kann speider och nach geännert gin

Punkteverteilung bei den Tipps:

6 Pkt: exakt Ergebnis gouf virausgesoot

4 Pkt: Tendenz oder Differenz stemmen bzw. Gleichspill (d.h. du tipps 3:2 an den Match get 2:1 aus hues du dei richteg Differenz; du tipps 2:0 an dem Match geht 4:1 aus hues du dei richteg Tendenz; du tipps 2:2 an den Match get 1:1 aus kriss du Punkten fir Gleichspill)

1 Pkt: wan en Tipp oofgin gouf an awer d´Viraussoo komplett falsch waar